Luxemburgensia„Béischten“ vun Jemp Schuster: Näischt ass, wéi et schéngt

Luxemburgensia / „Béischten“ vun Jemp Schuster: Näischt ass, wéi et schéngt
 Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

De Mënsch ass dem Mënsch e Wollef. Dem Jemp Schuster säin neie Roman „Béischten“ (Kremart Edition) gräift zwar net op d’Wollefsmetapher zréck, fir den Ëmgang vun de Mënsche mateneen ze faassen, mee wéi schonn aus dem Titel ervirgeet, spillt de Roman trotzdeem mat der Metapher vun der „bête humaine“.

Am Éisleker Duerf Kromber hausen d’Béischten net nëmmen an de Ställ, mee och hannert den Hausdiere falen d’Mënschen oft wéi d’Déieren iwwerteneen hier. No „Bluttsëffer“ an „Oureschlëffer“, weist dem Jemp Schuster säin drëtte Roman thematesch a strukturell Ähnlechkeeten zu senge Virgängerromaner op. De
Roman, den och dat 10. Grënnungsjoer vu Kremart markéiert, erzielt d’Geschicht vum fiktiven Éisleker Duerf Kromber tëschent 1942 an 1949.

Am Mëttelpunkt vun der Handlung stinn d’Famille Klinger an Drengler, déi duerch d’Hochzäit vum Anni Klinger mam Felix Drengler matenee verknëppt ginn. Wéi de Krich ausbrécht, gëtt de Felix agezunn an a Russland geschéckt. Allerdéngs bleift hien och nom Krich vermësst, ouni Noriicht iwwert säi Schicksal. Wärend dem Felix seng Famill fest dru gleeft, dass en zréckkënnt, versénkt d’Anni, dat an der Tëschenzäit Mamm ginn ass,
ëmmer méi déif an den Depressiounen. Nodeems d’Verhältnis mam Felix senger Famill ëmmer
méi schwiereg gëtt, hëlt hatt säi Schicksal schlussendlech selwer an d’Hand.

„Béischten“ spaant e gesellschaftleche Panorama vun engem däischtere Kapitel vun der Lëtzebuerger Geschicht op. Allerdéngs ergeet de Roman sech net a Resistenzlererzielungen, vun deenen dat lëtzebuergescht Narrativ vum Zweete Weltkrich sou staark gepräägt ass, mee en zeechent en differenzéiert Bild vun enger Gesellschaft am Krich, an där d’Liewe weidergoe muss a jiddereen an éischter Linn op
säin eegene Virdeel beduecht ass. De Krich ass dobäi nëmmen d’Folie, op där sech global dat
ofspillt, wat zu Kromber Alldag ass. Wärend d’Duerf ugesiichts vun der däitscher Besatzung zesummenhält, ass den Ëmgang vun de Kromber Bierger ënnertenee vu Bedruch, Ewechkucken a géigesäitegem Beschass gepräägt.

„Alldeegleche klenge Krich“

„Deen alldeegleche klenge Krich hannert den Hausdieren huet dee grousse Krich dobausse ganz dacks nach iwwertrompt.” Dat ass och an der Famill Drengler de Fall, wéi d’Anni séier feststelle muss. Dem Felix seng Bezéiung zu senger Schwester Irma ass net sou harmlos wéi se op den éischte Bléck wierkt, de
Felix bestuet d’Anni nëmmen als Virwand, fir seng wouer Gefiller ze verstoppen, an och tëschent
den Elteren ass net alles wéi et schéngt. Doriwwer geschwat gëtt allerdéngs net, mee no bausse
probéiert een, de Schäin oprecht ze erhalen, an och no banne gëtt ni ausgeschwat, wat jidderee weess, mee fir sech behält.

Doranner weist sech och paradigmatesch den Ëmgang vun enger Gesellschaft mam Krich, an där traumatesch Erfarungen net opgeschafft ginn, mee déi sech krampfhaft op d’Zukunft fokusséiert. Hannert dem sozialkritesche Bléck sti Froen doriwwer, wéi Mënschen eppes verschaffen, fir dat déi kollektiv Verdrängung keng Wierder zouléisst, sief et Krichserfarungen oder aner Traumata. An dem Netz aus Ligen an
Egoismus kënnt kee Charakter gutt ewech. Wärend d’Geschicht gréisstendeels duerch dem Anni seng Aen erzielt gëtt, léisst de Wiessel vun der Erzielperspektiv de Lieser och dem Anni seng
Handlungen ëmmer nees a Fro stellen.

Allerdéngs verléiert de Roman sech mat Fortlafe vun der Geschicht a senger Geheimniskréimerei. Ëmmer rëm gëtt am Duerf iwwert dat anormaalt Verhältnis tëschent dem Felix a senger Schwëster gemonkelt, woubäi fir de Lieser scho relativ fréi ersiichtlech ass, wouranner den Ursprong dovunner leit. An aner Geheimnisser, déi am Duerf réischt spéit gelëft ginn, ass de Lieser vun Ufank un ageweit, wouduerch sech zwar duerchaus eng kritesch Vue op de Personnagen hier Handlungen ergëtt, allerdéngs keng spannend Lecture garantéiert gëtt. Mysteriéis bis zum Schluss bleift nëmmen dem Felix säi Verbleiwen.

Trotz där pessimistescher Vue op déi mënschlech Natur gewäert de Roman en authenteschen Abléck an d’Lëtzebuerger Gesellschaft vun der Krichs- an Nokrichszäit an dréit domadder zum literareschen Opschaffe vun der Lëtzebuerger Geschicht bäi. Dozou zielt net nëmmen d’Liewen am Krich, mee den Text zeechent och en historesche Panorama vun enger Agrargesellschaft, déi nom Krich mat den Entwécklunge vun enger méi
a méi technologiséierter Welt konfrontéiert gëtt.

Als gesellschaftlech Etude riicht den Text en opmierksame Bléck op d’Auswierkunge vum Kollektiv op d’Individuum a reusséiert a senger Duerstellung dovunner, wéi d’Individuum ugesiichts vum kollektiven Urteel sämtlech Handlungsmuecht an och sech selwer verléiere kann.

Als gesellschaftlech Etude riicht den Text en opmierksame Bléck op d’Auswierkunge vum Kollektiv op d’Individuum a reusséiert a senger Duerstellung dovunner, wéi d’Individuum ugesiichts vum kollektiven Urteel sämtlech Handlungsmuecht an och sech selwer verléiere kann. Allerdéngs vermësst een als Lieserin
eng méi grouss emotional Komplexitéit an de Charakteren, well dee pauschale gesellschaftlechen
Egoismus gëtt mat der Zäit dach ermiddend.

„Béischten“ vum Jemp Schuster, Kremart Edition, 368 Säiten, 25 Euro


Les autres nouveautés de la rentrée littéraire chez Kremart

Kremart accueille en cette rentrée dans son catalogue le premier récit non auto-publié des sept livres que son jeune auteur Luc François a déjà écrit. Et ce fut un pari réussi puisque le livre s’est hissé sur la shortlist des „Lëtzebuerger Buchpräisser“ dans la catégorie littérature. Dans „Wasserstand“ (258 pages, 20 euros), Luc François y raconte l’histoire d’un écrivain, Klaus Klopp, qui, en se mettant au roman noir, veut réussir à sortir la tête de l’eau, après les deux relatifs échecs essuyés avec ses deux premiers récits. Il envisage son histoire à la fois passionnante et aride, de haute tenue littéraire, mais également authentique et humaine. Et sur comment faire tenir tout cela debout, c’est un verre d’eau qui lui donne la clé. „Mit sprachlicher Raffinesse und einer großen Selbstironie lässt er die Leser und Leserinnen die eigenen Lesegewohnheiten hinterfragen und bewahrt dabei doch ausreichend Subtilität, um eine spannende Lektüre zu gewährleisten. Ein gelungenes Debüt“, avait déjà écrit Sophie Modert dans notre supplément Livres/Bücher, dont nous avons aussi repris l’article ci-dessus.

L’autre nouveauté de la rentrée littéraire chez Kremart Edition, que la maison présente comme un „chef d’oeuvre“, c’est le recueil de Jean Back. Intitulé „Nuebelschnéier“ (102 pages, 22 euros), il se compose de deux histoires courtes et d’une collection de miniatures qui ont notamment pour thèmes la famille et les difficultés de communication. C’est la recherche d’un „Doheem“ dans un petit pays.

Au rayon jeunesse, on retrouve „Bonnie“ de Tullio Forgiarini et Claude Grosch (dans deux versions bilingues – lux-fr et lux-angl). Cette histoire pour les trois ans et plus nous emmène dans les pas de Bonnie, un enfant qui n’arrive pas à dormir et qui essaie, avec sensibilité, fantaisie et un peu d’humour, de dompter sa peur de l’obscurité.  

On retrouve aussi les histoires courtes de la série Timba avec „Rondel“ de Cathy Clement, „Am Ballon iwwer Lëtzebuerg“ de Romain Haas et „Vill Gléck fir de Gebuertsdag“ de Sophie Gintzinger (40 pages et 4 euros chacune).

Jacques Zeyen
10. Dezember 2023 - 19.48

Bravo Jemp Schuster. Mit dem " Oureschlëffer" und " Bluttsëffer" haben Sie den Stockluxemburgern die Erinnerungen aufgefrischt. Kein Blatt vor den Mund und das Damals für die Heutigen in bester Form. Weiter so.

Robert Hottua
10. Dezember 2023 - 12.24

Die von Herrn SCHUSTER thematisierte Bestialität war spätestens seit 1925 in "Mein Kampf" offengelegt und angekündigt. "Würde Deutschland jährlich eine Million Kinder bekommen und 700.000 bis 800.000 der Schwächsten beseitigen, dann würde am Ende das Ergebnis vielleicht sogar eine Kräftesteigerung sein", hatte Adolf H. beim Reichsparteitag im Jahr 1929 ins Mikrofon gerufen. Diese Ambitionen für eine "kräftesteigernde Sozialreform" waren also auch in Luxemburg bekannt.
MfG
Robert Hottua