Musek„Ech war schonn ëmmer e bëssen Che Guevara“ – Interview mam Rapper Bazooka Brooze

Musek / „Ech war schonn ëmmer e bëssen Che Guevara“ – Interview mam Rapper Bazooka Brooze
De Bazooka Brooze Foto: Jérôme Quiqueret

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

De Summer ass och fir e Rapper eng gutt Saison, räich un Erfarungen. Mir si bei de Bazooka Brooze gaangen, fir erauszefannen, wat hien an den nächste Méint virhuet, wat hien an de leschte Jore gemaach huet a wat hie vun Esch2022 denkt.

Tageblatt: Schaffs du grad un engem neien Album?

Bazooka Brooze: Elo grad net, nee. Also ech hunn e puer Iddie, wat ech sou maache kéint, oder een, zwee Titelen am Kapp. Do kënnt op alle Fall nach eng gutt Rëtsch vu Lidder no. An een oder zwee Joer sécher.

Gesäis du den Fakt, op Lëtzebuergesch ze rappen, als een Handicap oder als eng Kraaft?

Déi zwee. Éischtens ass et een Handicap, well et eng ganz wéineg geschätzte Sprooch a wéineg verstane Sprooch ass. Géift ech op Däitsch oder Englesch rappen, do gëtt et eng méi grouss „Zuhörerschaft“, mee dat ass net esou „organesch“ an dovunner sinn ech net esou Fan. Ech denken op Lëtzebuergesch a mengem Kapp an ech expriméiere mech och gären op Lëtzebuergesch, well ech mengen, dat ass och déi rengste Form an déi organeschst Form. An et ass eng Stäerkt, well et gouf nach net vill op Lëtzebuergesch, a vläicht hunn déi Däitsch oder d’Fransouse Loscht, nach méi Lëtzebuergesch ze lauschteren. Wie weess.

Inspiréieren dech e puer lëtzebuergesch Kënschtler?

Se inspiréieren mech andeems, fir et net esou wéi si ze maachen, jo. Awer soss definitiv net, nee.

Wat denken deng Eltere vun denger Musek an dengen Texter?

Dat ass schonn eng al Kamell, well do hu mer scho vill driwwer geschwat a si wëssen jo, wéi ech doheem sinn, wéi ech mat hinne sinn. Ech schwätzen och net wéi ech ëmmer rappen. Dat ass elo keen Thema méi, ech sinn elo och keng 16 méi. Bon, meng Mamm huet vläicht een, zwee Mol en Text héieren, a si war sou „O, elo ass mir awer e bëssi schlecht ginn a mengem Bauch“, awer … – voilà, ech maachen elo net spezifesch fir si Musek. Dat heescht: Domadder mussen se liewen.

Bon, meng Mamm huet vläicht een, zwee Mol en Text héieren, a si war sou „O, elo ass mir awer e bëssi schlecht ginn a mengem Bauch“, awer … – voilà, ech maachen elo net spezifesch fir si Musek. Dat heescht: Domadder mussen se liewen.
Bazooka Brooze
Bazooka Brooze Foto: Jérôme Quiqueret

Wéi eng Zort Jong waars du an der Klass? A wat fir e Student bass du op der Uni?

Ech hat esou meng Phasen an der Schoul. Also ech mengen, meeschtens war ech e beléifte Schüler, also bei de Proffen; ech mengen awer och, datt ech e puer Proffen op d’Palm bruecht hunn. Ech hu gäre matgeschafft, awer heiansdo hunn ech och gäre gestéiert, ech weess och net firwat. Ech war esou e bëssi vun allem. Och e puer Retenue, soss ass een net cool an der Schoul, nee? An der Schoul hat ech einfach Spaass mat menge Leit a mir hunn einfach Blödsinn gemaach, mee ech war elo keen Terrorkand. Ech war schonn ëmmer e bëssen sou Che Guevara, wat alles ugeet. Ech hunn net ëmmer alles geholl, wéi et esou komm ass, och net vun den Proffen, mee voilà. Op der Uni war ech oft ageschriwwen, mee ech sinn net oft dohi sëtze gaangen. Ech hunn näischt Spezifesches iwwer d’Uni ze soen, well ech war éischter de „gars“, deen net do war. Leider.

Firwat ass et dir wichteg, eng „Jugendkultur“ z’entwéckelen?

Ech fannen et wichteg, einfach well mer eng jonk Kultur hunn, mir sinn ee jonkt Land mat enger jonker Sprooch. Ech sinn opgewuess a konnt mech mat net vill identifizéieren, wat lëtzebuergesch Saachen ugeet. Et ware vläicht e puer Leit do, wat elo d’Musek ugeet, mee soss – et war keng Industrie do, et war keng Zeen do, et war keen Entertainment do. RTL oder Eldo ass vläicht e groussen Deel vun eiser Kultur, mee fir d’Jugendkultur ass näischt dobäi. Dowéinst hunn ech dat wichteg fonnt, sech einfach ze trauen, esou Saachen ze maachen. Ech mengen, ech hunn awer e bëssi Succès bei de Lëtzebuerger, an ech fannen, d’Jugendkultur ass genee dat. Dat gëtt et net vill hei am Land. Ech mengen, ech kommen aus Lëtzebuerg, aus Esch, ech maache Musek vun menger Stad a menger Sprooch, fir d’Leit hei. Ech fannen dat wichteg einfach.

Wat häls du vun Esch2022?

Et war super! Nee komm, ech maachen de Geck. Souguer d’Francofolies hunn ech net gutt fonnt. Deen Eenzegen, deen dann do geruff gouf a vläicht vun Esch ass, ass de L.I.L Star – an da programméiere si deen um zwielef Auer mëttes, wou kee Schwäin do ass, wou et keen interesséiert, an owes hu mer grouss Artisten ewéi Damso, PNL, etc. Firwat net stolz op Esch sinn, fir do en Artist optrieden ze loossen, mat engem klenge Budget, fir datt hien als Virgrupp vun engem groussen Artist sech weise kann? Et gëtt einfach net iwwerluecht, mee et gëtt ëmmer „Kultur, Kultur“ gesot. Si kruten e Budget vun ech weess net wéi vill Milliounen Euro an e puer Leit ware wuel och frou, datt si hir Sue kruten. Et gouf scho vill gemaach an et war heiansdo och eppes lass, mee a menge méi jonke Kreeser krut ech elo näischt mat, wou d’Leit soten: „Wow!“ Also d’Francofolies ware grouss opgezunn, mee dat war en Ticket fir 50 Euro. Ech hu mech beleidegt gefillt, als Artist, wéi dat do ofgelaf ass.

Si maache sech souguer de Pleséier, mech net anzelueden. Ech mengen, et hätt ee vill méi mat Esch22 maache kënnen. Et misst een elo zum Beispill net bis op Villerupt goen an hinne Budget ginn, fir dass si alles organiséieren. Einfach bëssi méi Esch22 maachen. Ganz gäre wär ech op de Francofolies opgetrueden, mee ech weess net, wat ee muss maachen dofir – manner bekannt si vläicht. Si sollte stolz op eis sinn an eis och Méiglechkeete ginn. An och, wa si net stolz op eis sinn, mir sinn Esch, et muss ee schaffe mat wat een huet. Mee bon, et ass ëmmer einfach ze soen oder ze kritiséieren.

Ganz gäre wär ech op de Francofolies opgetrueden, mee ech weess net, wat ee muss maachen dofir – manner bekannt si vläicht. Si sollte stolz op eis sinn an eis och Méiglechkeete ginn. An och, wa si net stolz op eis sinn, mir sinn Esch, et muss ee schaffe mat wat een huet.

Wat feelt hei am Land?

Hei a Lëtzebuerg ass een et net esou gewinnt, vläicht e bëssi op Kontra ze stoussen. Ech drécke mech vläicht och net ëmmer super aus, mee ech mengen, ech hunn awer e puer Manéieren. Et ass einfach e bëssi speziell hei am Land am Moment. Et wëll kee mat mir Saache maache, well ech kee gudden Image hunn. Ech si kee béisen oder schlechte Mënsch, maachen och keng gewalteg schlëmm Aussoen, fannen ech. Vill Marken a Branchen hunn dann Angscht, datt, wann ee Pub mat engem staarke Charakter mécht, et méi futti wéi gutt mécht. Et soe vläicht menge Fans „O cool, hien ass bei Luxlait“, mee da soen och 5.000 Bomen hei am Land „Wat ass dat da fir ee Schäiss“. An der Lescht schwätzen ech net méi sou vill, mee wann ech wéilt, kéint ech mech all Dag opreegen. Mee heiansdo muss een et soen, wann et net gutt leeft, fir datt d’Leit et realiséieren.

Wat hei am Land och mega feelt, ass eng Entertainment-Branche oder Industrie. Wär ech e Kënschtler an Däitschland an hätt do Succès, dann hätt ech meng Suen, meng Reklamm, mäi Manager, etc. Grad dowéinst ginn ech ëmmer méi an Däitschland, do sinn och Leit mat Erfarung. Ech wëll net arrogant eriwwerkommen, mee ech hu méi gemaach ewéi di aner, ech hat méi grousse Succès ewéi di aner, ech hu méi Erfarung ewéi di aner. Et ass hei keen am Land, dee mir beim Succès elo nach weiderhëllefe kann. Heiansdo sinn ech och e bëssi ze éierlech, mee dofir hunn d’Leit an Däitschland méi Verständnis. 

Et ass hei keen am Land, dee mir beim Succès elo nach weiderhëllefe kann

Wäers du vläicht een Dag op Däitsch rappen?

Jo, vläicht. Dat muss ech mer awer nach iwwerleeën – a gutt maachen. Mee dat kënnt, well ech weess net, ob ech hei zu Lëtzebuerg nach vill wäert maachen.

Wat fir en Impakt hat de Covid op deng Carrière?

Wéi bei all Mënsch, mengen ech. Also ganz grouss. Ech konnt näischt erliewen, ech hu mech och net geimpft an esou; ech konnt näischt maachen, konnt néierens hin, konnt net féiere goen … Wann näischt leeft an een de ganzen Dag am Zëmmer sëtzt, weess een net wierklech, iwwert wat schreiwen, ausser vläicht „Ech sëtzen haut de 50. Dag doheem, yow, an ech spillen e bëssi Play, an ech fëmmen een …, an ech hoffen et geet gläich eriwwer“ (laacht). Wann een all Dag Zäit huet, ass et och net cool an da kléngt et forcéiert. Och keng Concerten, et war eng schwiereg Zäit.