„Aus dem Windschatten“ (8)Gilles Kneip, Präsident der UC Petingen: Ein Highlight an Neujahr

„Aus dem Windschatten“ (8) / Gilles Kneip, Präsident der UC Petingen: Ein Highlight an Neujahr

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Die Tageblatt-Serie „Aus dem Windschatten“: Das Tageblatt hat allen luxemburgischen Radsport-Vereinen die Möglichkeit gegeben, während der Tour de France einen Beitrag zu veröffentlichen. In der heutigen Ausgabe schreibt Gilles Kneip, Präsident der UC Petingen, über den traditionellen Neujahrscross des Vereins, der 1948 seine Premiere feierte. 

D’Uertschaft Péiteng, déi an deem schmuelen Dall vun der Kuer tëscht dem Hierschtbierg an dem Prënzebierg läit, bitt sech duerch d’Topografie vun der Ëmgéigend praktesch un, fir hei ee schwéieren, usprochsvollen a selektive Cyclocross z’organiséieren.

Den éischte Cyclocross, dee vun der Union Cycliste Péiteng organiséiert gouf, geet zeréck op den 1. Januar 1948 an ass domadder deen eelsten nach existéierende Cross am Land. Et ass eng Traditioun, dass sech op Neijooschdag déi national an international Elite am Cyclocross zu Péiteng versammelt, fir dat neit Joer mat enger Kompetitioun op héichstem sportlechen Niveau anzelauden.

Péiteng huet an de leschte Joerzéngten am Cyclocross nieft all eise beschte Lëtzebuerger an dëser Disziplin och eng ganz Rei vun internationale Fuerer evoluéiere gesinn, déi zu deene Gréissten vun hirer Zäit gehéiert hunn. Ënner anerem den Erik de Vlaeminck, dee siwe mol Weltmeeschter gouf an eise Cyclocross 1965 gewonnen huet. Des Weidere konnte Champione wéi Robert Oubron, Roger Rondeaux, Michel Pelchat, René de Clerq, Klaus-Peter Thaler, Danny de Bie, Dominique Arnould, Daniele Pontoni a Mario de Clerq, alleguer Weltmeeschter an dëser Disziplin, hiren Numm an eise Palmarès androen.

Wéi schwéier et ass, fir sech bei eisem Cross duerchzesetzen, gesäit een dorun, dass et Coureure gëtt, déi am Laf vun hirer Karriär zwar Weltmeeschter goufen, et awer net gepackt hunn, hei zu Péiteng bis op den héichsten Träpplek ze klammen. Dorënner falen z.B. de Radomir Simunek (Weltmeeschter 1991), den Adrie van der Poel (Weltmeeschter 1996), den Erwin Verwecken (Weltmeeschter 2001, 2006 an 2007) a bei den Dammen d’Hanka Kupfernagel (Weltmeeschterin 2000, 2001, 2005 an 2008).

Och bei den Dammen huet eise Cyclocross een aussergewéinleche Palmarès, deen deem vun den Hären an näischt nosteet. Sou hu mam Daphny Van de Brand, dem Marianne Vos, dem Maryline Salvetat an dem Thalita de Jong gläich véier Dammen hei zu Péiteng gewonnen, déi och am Laf vun hirer Karriär mindestens eemol Weltmeeschterin an dëser Disziplin gi sinn.

Mëttlerweil goufe 76 Editioune vun eisem Cross gefuer an et ass aktuell deen eenzegen internationale Cyclocross, deen nach am Kalenner vun der FSCL iwwereg bliwwen ass. Och wann et eis haut, duerch d’Internationaliséierung vum Vëlossport, net méi méiglech ass, déi absolutt Weltelite op Péiteng ze kréien, hu mir awer nach reegelméisseg Coureuren um Départ, déi zur erweiderter Weltspëtzt gehéieren, an an den Top 20 vun der UCI-Weltranglëscht erëmzefanne sinn. Dëst gëlt souwuel bei den Damme wéi och bei den Hären. Dofir invitéieren ech iech all häerzlechst, fir den 1. Januar 2025 op déi 77. Editioun vun eisem Cyclocross ze kommen, an eis Coureuren unzeféieren, wann si sech zu Péiteng mat der internationaler Cyclocross-Elite moossen.