LeserforumDe Nordstad-Theater

Leserforum / De Nordstad-Theater

Wuel kaum eng Fusioun ass déi lescht Joere sou schlecht vun der Politik „verkaaft“ ginn ewéi d’Nordstadfusioun. Engersäits kritt ee gesot, datt een net laanscht eng Fusioun kënnt. Anerersäits schéisst ee sech regelméisseg selwer an de Knéi, deen antëscht béis un ee Stéck Schwäizer Kéis erënnert.

De 25. Mäerz hu sech déi fënnef Schäfferéit eestëmmeg fir weider Gespréicher ausgeschwat. Gutt zwee Méint méi spéit zéie Schieren a Bettenduerf awer nei rout Linnen. Sollten hir Fuerderungen net erfëllt ginn, wëll een net weidermaachen.

Wann een elo mol dervun ausgeet, datt d’Schäfferéit wëssen, wéi den Hues an hire Gemengerotssëtzunge leeft, drängt sech d’Fro op, ob déi Fuerderungen Enn Mäerz schonns um Dësch louchen oder ob se elo als Iwwerraschung fir déi aner dräi geduecht waren.

Zu Schiere wëllen se elo schonns 2025 wëssen, wéi d’Fusiounsgemeng a ville Beräicher konkret funktionéiere soll. Dass dat no sechs Joer nach net gekläert ass, loosse mer da mol esou stoen.

Eng Fuerderung, déi déi aner véier wuel antëscht fale gelooss hunn, ass zu Bettenduerf nach ëmmer aktuell, nämlech déi no méi Suen. Den CDA-Statut soll elo dofir suergen. Dernieft hätt ee gäre méi Nordstad-Infrastrukturen a -Projeten. Déi ominéis Wandmillen, déi se zu Bierden net wëllen, wär vläit sou ee Projet, mee Spaass bäisäit.

Ier den Här Gleis als Spriecher vun de Nordstadgemenge mam Wonsch aus Bettenduerf virum Här Gloden senger Dier stoung, koum aus der Stad schonns de Message, datt weder den CDA-Statut fir Bettenduerf nach Diskussiounen an déi Richtung virgesi sinn. An der Zäit war déiselwecht Parteikaart wuel méi wäert.

Och zu Ierpeldeng gouf et staarke Géigewand am Gemengerot. Ironescherweis ebe wéint enger Wandmillen. De Schäfferot gesäit doran awer kee Grond, weider Gespréicher ze refuséieren.

Et muss een elo definitiv kee groussen Analyst sinn, fir z’erkennen, dass d’Fusioun op zimmlech wackelege Bee steet. Och no sechs Joer Verhandlunge gëtt nach ëmmer monter drop lass gefuerdert an allze vill Konkretes schéngt nach net decidéiert ze sinn.

An engem Punkt si se sech awer elo eens. 2027 sollen d’Awunner iwwert dës Hochzäit, déi alles anescht wéi eng aus Léift ass, ofstëmmen. „5x Jo“ dierft awer wuel eng Illusioun sinn. Et sief, et bitt een den Awunner endlech Argumenter, fir se z’iwwerzeegen.

Ob ee vläit och zu véier, dräi oder zwee fusionéiert, steet nach an de Stären. Mat den neie Fuerderungen aus Schieren a Bettenduerf misst déi Fro awer ganz séier gekläert ginn.

A wat maachen se an deenen zwou Gemengen, wann hir Wënsch net erhéiert ginn?

Bidden se hire Bierger eng Alternativ un? Ëmmerhi gouf oft genuch gesot, datt een net laanscht eng Fusioun kéim, eleng schonns, fir d’Gemengeservicer ze verbesseren. Bettenduerf kéint zu Reisduerf un d’Dier klappen, Schieren vläit zu Colmer. Oder hoffen se einfach, dass no der Summervakanz sech kee méi un hir Fuerderungen erënnert an eng Weiderféierung vun de Gespréicher zu fënnef mol erëm eng Kéier ugekënnegt gëtt?