ForumD’Olympesch Spiller vun den Iwwerzeegungen: eis Gesellschaft als gréisst Verléierin

Forum / D’Olympesch Spiller vun den Iwwerzeegungen: eis Gesellschaft als gréisst Verléierin
Ënnert anerem d’Boxerin Imane Khelif (r.) huet bei den Olympesche Spiller fir Diskussiounsstoff gesuergt Foto: AFP/Mohd Rasfan

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Dëse Bréif ass dem Haass, der Mëssinformatioun an de ville feindlechen Aussoen, déi mir an der lescht vun alle Säiten op de soziale Medie liesen, gewidmet.

Ech wëll an dësem Bäitrag de „confirmation bias“ oder och eis „Bestätegungstendenz“ uschwätzen, déi psychologesch Begrëffer fir Follgendes: Eis Tendenz als Mënsch, Informatiounen esou ze verschaffen, datt mir no Informatioune sichen oder Informatiounen esou interpretéieren, datt se mat eisen existéierenden Iwwerzeegungen iwwertenee stëmmen. Dat heescht, datt, wa mir eppes liesen oder héieren, dat eis Meenung bestätegt, mir oft mat vollkommener Iwwerzeegung dobäi sinn, ouni eis Froen ze stellen. An dat féiert dozou, datt mir vläicht ëmsou méi un engem Virurteel festhalen. D’Olympesch Spiller bréngen dëse Mechanismus a vollen Zich zum Virschäin.

„D’Erëffnungszeremonie ass de Geck gemaach mam letzen Abendmahl!“ passt vläicht immens gutt an eis Bestätegungstendenz, ënnert anerem, wa mir eis souwisou schonn attackéiert, ausgegrenzt oder onfair behandelt fillen. Wa mir dann héieren, datt et eigentlech näischt mam „letzten Abendmahl“ ze dinn hat, mee op griichescher Mythologie baséiert, da kann et eis immens schwéier falen, vun eiser bestoender Iwwerzeegung ee Schratt zréck ze huelen. Mir tendéieren dozou, eis an d’Thema ze verfriessen an un allem festzehalen, wat fir eis net iwwertenee stëmmt.

Esou kënne mir och dozou neigen ze denken, datt alles, wat net mat eisem Virurteel iwwertenee stëmmt, falsch ass, souguer wann et direkt vun der Quell kënnt, déi engem eigentlech Glawe schenke misst: an zwar de Persounen, déi et geplangt hunn. Dat ass een normaalt Verhale vun eisem Gehier a mir maachen et all op di eng oder aner Aart a Weis. Et ass mir egal, op wéi enger Säit s du stees, et ass en natierleche Mechanismus.

Den Trick ass et, sech deem bewosst ze sinn, an dengem Gehier ze hëllefen, besser ze sinn. Ech gesinn et haut nees a Behaaptungen, datt et engem Mann erlaabt gëtt, als Fra ze boxen, well dës Persoun angeblech transgender ass oder de System ausnotzt.

Ech hunn dëst Thema vu ville verschiddene Perspektive recherchéiert (wat eng empfielenswäert Strategie ass, bevir een sech ze déif a Quelle verfrësst, déi just engem säin eegene Point de Vue bestätegen) an erausfonnt, datt dës Persoun tatsächlech weiblech gebuer gouf, awer – méiglecherweis – mat enger chromosomaler Variatioun. Dëst ass néierens offiziell bestätegt, a vun offizieller Säit ass och net spezifiéiert, duerch wéi eng Tester dës Persoun bei verschiddene Veranstaltungen net huet dierfe konkurréieren.

D’Quelle sinn also onvollstänneg, warscheinlech och fir der Persoun eng medezinesch Privatsphär ze gënnen. D’Majoritéit vun de Quellen, déi aus der „Mëtt“ berichten, schreiwen dat och esou, an dofir wëll ech dofir och Raum loossen.

Ech verspriechen Iech, et gëtt genuch, wouriwwer mir rosen oder opbruecht kënne sinn, an dat kann zu positive Changementer féieren, wa mir prett sinn et zouzeloossen, anstatt géinteneen ze goen

Rachel Brixius, Enseignante

Fir déi, déi awer géint d’Participatioun vun transgender Athlete sinn, trëfft dat Thema perfekt op hire Bias. D’Roserei ass iwwerall. Vill vun eise Medie setzen op eis Bestätegungstendenz a berichten deementspriechend esou, datt mir einfach gleewe kënnen, datt hire Bléckwénkel (deem een sech soll bewosst sinn!) „dee Richtegen“ ass, a spillen dann och esou mat eisen Emotiounen.

Als Enseignante wëll ech Iech dofir dat froen, wat mir vun eise Schüler verlaangen: Bevir Dir eppes einfach gleeft oder et als Wourecht deelt, well et um Internet oder souguer an den Noriichte steet, ënnersicht et aus verschiddene Perspektiven. Iwwerpréift d’Villfalt u Quellen, déi lénks, déi riets, an déi aus der Mëtt, a maacht Iech ee Bild, andeems Dir net vergiesst, datt eis Welt net just schwaarz oder wäiss ass.

Mir kënnen eis iwwer Meenungen oneens sinn, mee dat funktionéiert net mat Fakten. Mir kënnen d’Nuancë vun enger Problematik diskutéieren an zu verschidde Conclusioune kommen, mee wou komme mir hin, wa mir net gewëllt sinn, eis déi Nuancen unzekucken oder iwwerhaapt eise Bias kuerz op d’Säit ze leeën?

Ma et ass genau dat, wat eis all getrennt a géinteneen opgestëppelt hale wäert. Jiddwereen, entweder hei oder do, op senger „Säit“. Ech verspriechen Iech, et gëtt genuch, wouriwwer mir rosen oder opbruecht kënne sinn, an dat kann zu positive Changementer féieren, wa mir prett sinn et zouzeloossen, anstatt géinteneen ze goen.

D’Olympesch Spiller dogéint si wuel näischt, wat dozou bäidréit, datt ee positive Changement stattfanne wäert. Sech awer zum Beispill fir aarm, marginaliséiert oder persecutéiert Leit anzesetzen, schonn. Loosst eis all d’Säite vun engem gewëssenen Narrativ ukucken, loosst eis d’Fakte fannen, loosst eist d’Nuancen erkennen a loosst eis déi richteg Kämpf kämpfen. Zesummen.

Rachel Brixius
Rachel Brixius Foto: privat

D’Autorin

D’Rachel Brixius huet d’Internetplattform LetzBeAware gegrënd an interesséiert sech fir mental Gesondheet souwéi den Impakt vu soziale Probleemer op d’mënschlech Psych. Si huet Psychologie an englesch Literatur studéiert.

fraulein smilla
9. August 2024 - 13.30

Maenner sind in der Spitze schneller ,ausdauernder und staercker als Frauen . Wenn also Transfrauen ,die eine maenliche Pubertaet hinter sich haben bei Frauenwettbewerben starten duerfen ,wuerde das was den Spitzensport angeht das Ende des Frauensports bedeuten .Bei den zwei Boxereinen ,die keine Transition hinter sich haben ,geht es nicht um Transfrauen . Eigentlich waere es Aufgabe jeder Sportredaktion zu recherchieren .Jeder Kinderarzt kann erklaeren wieso XY Babies mit aeusseren weiblichen Geschlechtsorganen auf die Welt kommen .