LeserforumEis Escher Brillplaz: „Si ass verhonzt“

Leserforum / Eis Escher Brillplaz: „Si ass verhonzt“
 Symbolfoto: Editpress/Julien Garroy

De Parking drënner ass tipptopp, awer do huet deemools en deieren Architekt eis e klenge Park op d’Plaz gezaubert. Dobäi hu mir der zwee, e groussen an e klengen. De groussen Escher Park ass ee vun deene schéinsten arn Land a wäit iwwer d’Grenzen. Dee klengen am Bredewee, de Park Laval, ass fir all Escher an zéng Minutten z’erreechen. An do k:ann een dragoenl Déi schéi Kaschtenallee entlaang, ronderëm d’Spillplaz an zeréck bei de klenge Sprangbuer, wou hëlze Bänke stinn. Einfach schéin. Awer d’Brillplaz …

Fir d’éischt huet den Architekt emol zwou Braken op d’Plaz gesat Déi dénge souzesoen als Entrée fir an de Park.

Da kënnt ee bei e puer Kofferbänken, wou ee sech am Summer den A… verbrennt.

Um Wee dohinner ass d’Betrieden op d’Plaz vu lénks a vu riets duerch enorm breet Hecken onméiglech. D’Brillplaz: ass ronderëm zou. Dat ass keng Plaz méi … awer wat ass et dann …?

Ma da gitt emol kucken. Gitt awer net ze no bäi, kuckt léiwer vu méi wäit. Well wat dir do gesitt, dat schléit dem Faass de Buedem aus.

Do sëtzen a leie Leit vun engem frieme Kontinent a saufe Béier vu mueres bis owes. D’Fläsche leie ronderëm an de Cactus ass op 20 Meter fir neie Béier. Si hu sech just do fonnt. Et ass hiren Territoire. Si sinn do wéi an hirer Stuff. Déi zwou Braken stäipen hinnen de Réck. Lénks a riets sinn se ofgeséchert duerch déi breet Hecken an d’Kofferbänken sinn hiren Mobiliar. Si sinn do doheem!

Ween traut sech dann nach doduerchzegoen?

Mäi Wonsch un d’Gemeng ass: Rappt déi zwou Braken ewech, dann ass et schonn direkt méi lëfteg. Mir brauchen déi net! D’Kofferbanken an de Schrott domat, da gëtt et erëm vill méi hell. Rappt déi vermaledeiten Hacken eraus, fir d’Plaz erëm säitlech zougänglech ze maachen.

Et ass dach einfach. „Maacht alles erëm normal!“ Dann hätte mir erëm en Eck fir eise Moart, wann d’Gemengeplaz besat ass. Eis Päischtkiermes kann erëm dohin amplaz ennërt de Viaduc.

Ech kréie nun bal 100 Joer an hunn op eiser Brillplaz villes erlieft.

Den Zirkus „Hoppe“, e Mann, deen um Seel gelaf ass, erop bis op d’Kuppel vum „Nouveauté Palace“. D’Selma Traber op engem stole Mast, deen zeng Meter geschwenkt huet, an do drop huet hatt op enger Trompett dat Lidd „Über den Wellen“ gespillt! Eng Gehcourse ronderëm d’Brillplaz! Deemools sinn ech den Drëtten ginn. Dat sin elo 65 bis 70 Joer hier.

Do hunn Turnconcourse stattfonnt, mat der Eschois an der Fraternelle! Et ass Handball gespillt ginn! Fir d’Kanner ass do e Saklafen organiséiert ginn! De Gewënner huet zwee Päck „Petit Beurre“ kritt, an déi aner ee Pak. Och déi Grouss sinn am Sak gelaf! Et gouf e Seelzeien!

Gewëss, et si Klengegkeeten, awer d’Liewe besteet aus Klengegkeeten. Awer haut ass ons Brillplaz dout, mausdout.

Léif Gemengeleit vun haut, et ass dach net Är Scheid. Mee w.e.g. ännert dat e wéineg a rappt op d’mannst déi zwou Braken ewech.