LeserforumDéi al Lann um Mierscherbierg

Leserforum / Déi al Lann um Mierscherbierg
 Symbolfoto: Willow, CC BY-SA 3.0, via Wikimedia Commons

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Zu Miersch op der N. 7, am Rondpoint „Mierscherbierg“, stoung bis de leschte Mëttwoch, 3. Juli, ee méi wéi 100 Joer ale wonnerbare Stroossebam. Eng prachtvoll, gesond, vital an intakt Summerlann. Deen ale Bam, deem a sengem Liewen schonns sëlleche Stierm duerch seng prachtvoll Kroun gefatzt sinn, huet natierlech och deen orkanaartege Stuerm vum Samschdeg, dem 29. Juni, ze spiere kritt. Grouss a kleng Äscht si gebrach, erofgefall oder bloufen am Bam hänken. Déi Äscht, déi hänke bloufen, hu ganz sécher eng Gefor duergestallt. Un dëser Lann beim „Rondel“ wor awer noweislech soss kee gréisseren, irreparable Schued entstanen. Genee esou ergoung et deenen anere Beem an der selwechter Bamrei, si hunn et och gepackt. Op anere Plazen zu Miersch sinn awer leider ganz vill Beem zerstéiert oder ëmgehäit ginn, eng gelleg Katastroph.

Ons Lann duecht, wann s du och schonns méi wéi 100 Joer um Bockel hues an zollit gerëselt goufs, bass du dach nach mat engem bloen A dovukomm. Du gesäit se d’Bam-Ekipp vun der Verwaltung kommen an duecht, elo kriss du gehollef. Déi Experte kënnen dach eppes an hunn och dat richtegt Geschier dobäi. Si komme mat hirem hydraulesche Kierfche bis erop bei dech, an an e puer Minutten sinn déi relativ kleng Boboen aus der Welt. Da ka kee méi meckere wéinst Sécherheet an esou. Leider hat dee guttgleewege Bam sech awer fatzeg giert. Hien hat bis dohin och nach ni Kontakt mat sougenannte Bamfachleit gehat.

Wat nämlech du mat dem remarkablen, praktesch net geschiedegte Bam geschitt ass, ass net nozevollzéien.

Wéi d’Aarbecht fäerdeg wor, haten d‘Experte sech net nëmmen op d’Eraus- a Propperschneide vun deene geféierleche gebrachenen Äscht beschränkt. Nee, déi ganz Kroun wor ëm zwee Drëttel agekierzt ginn, total iwwerdriwwen an onnëtz. Dee prachtvolle Bam ass fir ëmmer verschampeléiert, jo, regelrecht verhonzt. Deen iwwerdriwwenen Agrëff steet op kee Fall am Verhältnis zu deene puer futissen Äscht. Esou eng „Aarbecht“ kann een nëmmen als Overkill bezeechnen! Deem elo mutiléierte Stroossebam seng Kroun wor bis dee leschte Mëttwoch am Equiliber, stoung wéi eng Käerz an huet keen Zeeche vu groussem Schued gewisen. Firwat dat do elo? Hunn déi Leit nach ni eppes vun engem minimalinvasive Schnëtt héieren? Nëmme just dat Néidegt schneiden, fir d’Sécherheet an d’Gesondheet vum Bam ze garantéieren, awer net méi! Gehéiert eventuell esou ee fachwiedregen Agrëff zum Standard vun onse Bamspezialisten?

Nach eng Kéier: firwat? Et muss een sech eng ganz Rei Froe stellen. Et kéint een eventuell eng vun den Äntwerten beim neien Noper vun der aler Lann fannen. Déi stoung jo bis viru kuerzem, hiert Liewe laang, eleng an hat keng zweebeeneg Noperen. Vläicht wollten déi nei Noperen net onbedingt am Gréngs wunnen an hunn sech endlech ee bessere Bléck op dee „schéinen“ an all Dag méi verstoppte „Verkéiersrondel Mierscherbierg“ gewënscht?

Iwwrigens: Op deene véier Beem (Ailanthus altissima, Götterbam) am „Verkéiersrondel“ ass eng weider kuriéis an zimmlech bedenklech aner Bamexpertentechnik ze bewonneren. Déi véier Beem si geréngelt, an dat elo schonns am zweete Joer. Normalerweis féiert déi Method bei engem Bam zum Ofstierwen; am Bësch gëtt dat mol praktizéiert, awer ni, aus evidente Grënn, am ëffentleche Raum a schonns guer net laanscht d’Stroossen.

Esou vill zu der haiteger moderner Lëtzebuerger Bamfleeg am ëffentleche Raum.

Bintener Claude
10. Juli 2024 - 8.29

Dem kann ech nemmen zoustemmen! Et ass méi wéi traureg.