LeserforumInklusioun an der Schoul?

Leserforum / Inklusioun an der Schoul?
 Foto: dpa/Arne Dedert

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Als Papp sinn ech ëmmer beandrockt, wann Politiker an Aktivisten fir d’Rechter vu Fraen a Meedercher an der Ëffentlechkeet kämpfen. Et ass bewonnernswäert, mat wéi vill Begeeschterung, Selfies a Schëlder si sech asetzen. Mee loosst eis éierlech sinn: Ass et wierklech an der Rei, datt en 11 Joer aalt Meedchen, als eenzegt Meedchen a senger Klass, am nächsten Schouljoer just vu männlechen Enseignanten ëmginn ass, och fir de Sport an d’Schwammen? Muss hatt elo ganz eleng duerch d’Ufäng vun der Weiblechkeet goen? Ech wëll den Enseignanten a Pedagogen keen Virworf maachen, a si wäerten déi Situatioun sécherlech sensibel ugoen. Mee Sensibilitéit eleng ass net genuch, wann se op anere Plazen feelt. Mir liewen am 21. Joerhonnert an an enger Stad, déi Diversitéit héich hält. Gratis Hygieneartikel stinn iwwerall zur Verfügung, mir feieren de Pride Day an d’Marche de l’égalité. Et gëtt villes, op dat mir houfreg kënne sinn, och am Emgang mat Steiergelder. Awer bei dëser Fro feelt et u Versteesdemech. Al Reglementer, déi wéi hellëg Schrëfte behandelt ginn, sinn net ugepasst un d’Realitéit, d’Bedierfnisser an d’Rechter vun eise Kanner, besonnesch Meedercher. An enger Zäit, wou mir iwwer mental Gesondheet schwätzen an dofir kämpfen, musse mir eis froen: Wëllen mir dat als Standard fir eis Meedercher an Fraen akzeptéieren? Wou bleifen d’Diversitéit, d’Egalitéit an d’Rechter vun de Kanner? Ech ruffen Aktivisten op, déi sech ugesprach fillen: Iert Dir nees Hashtags a Slogans post, huelt Iech Zäit, fir verschidde Situatiounen eescht ze huelen. Setzt Iech wierklech fir d’Rechter vun eise Meedercher an an iwwerdenkt, ob dëst de Standard ass, dee mir wëllen akzeptéieren. #ReallyNormal #RightsFromGirls #PoliticsAndReality #DeedsInsteadOfWords #BringTheReality #Diversity #Diversite #EschMaVilleMaVie #Zukunft #Zesummenhalt #EscherNeieren #EschStaerken #EschSurAlzette #StandUpRiseUp #Fraestreik #WirklichNormal #RechteVonMädchen #PolitikUndRealität #TatenStattWorte #BringtDieRealität **Égalité Esch** **Conseil National des Femmes du Luxembourg, asbl** **Stand Speak Rise Up**