Wat léieren d’Kanner schonn an der Grondschoul? Fir sécher iwwer Strooss ze goen, soll ee sech een Zebrasträife sichen. Mee wat maachen, wa keen Zebrasträife wäit a breet ass? 500 Awunner, fënnef Busarrêten, zwou Duerchgangsstroossen an ee ganzen Zebrasträifen. D’Kanner alleng op d’Vëlospist schécken oder iwwer d’Haaptstrooss bei Frënn. Mat Hëllef vun engem Zebrasträifen am ganzen Duerf ass dëst quasi onméiglech. Warscheinlech gëllt dann hei och follgende Sproch: Soulaang näischt geschitt, besteet keen Handlungsbedarf.
19. Juni 2024 - 7.14 Uhr
LeserforumStroossen(on)sécherheet: Een Zebrasträifen am ganzen Duerf
![Leserforum / Stroossen(on)sécherheet: Een Zebrasträifen am ganzen Duerf](https://www.tageblatt.lu/wp-content/uploads/2024/06/932065.jpeg)
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können