LeserforumNordstad: Wee séier virukomme wëll, geet eleng – wee wäit virukomme wëll, geet zesummen

Leserforum / Nordstad: Wee séier virukomme wëll, geet eleng –  wee wäit virukomme wëll, geet zesummen
 Photo: Editpress/Max Echternkamp

„Wee séier virukomme wëll, geet eleng – wee wäit virukomme wëll, geet zesummen“ (afrikanescht Spréchwuert).

Op eng Question élargie vum Här Biancalana äntwert den Här Minister Léon Gloden den 2. Mee 2024 ënner anerem: Dann ee weidere Punkt, deen ech wëll maachen: Déi viregt Regierung hat am PDAT vun 2023 festgehalen, datt Mondorf sollt e CDA ginn an dat Nordstad sollt jo och e CDA ginn: Dofir hunn ech (?) decidéiert, an dat an Ofsprooch mam Finanzminister, datt mer an d’Budgetsgesetz fir 2025 drasetzen, datt d’Gemengen Dikrech, Ettelbréck an Ierpeldeng zesumme 25 Prozent kréien an datt Mondorf dann och 5 Prozent dobäi kritt, esou wéi dat och am PDAT virgesinn ass. Mir respektéieren do de PDAT vun 2023. Dësen definéiert d’Nordstad: „Les communes de la Nordstad sont Bettendorf, Diekirch, Erpeldange-sur-Sûre, Ettelbruck et Schieren.“ De CDA gett definéiert „le deuxième CDA d’importance nationale regroupe les communes d’Ettelbruck, d’Erpeldange-sur-Sûre et de Diekirch“.

E puer Zeile weider kritt dëse Begrëff vum CDA eng aner Definitioun. „Sont considérées comme CDA les localités d’Ettelbruck, d’Erpeldange-sur-Sûre, d’Ingeldorf et de Diekirch. En cas de fusion communale, le statut de CDA concernera toujours ces mêmes localités.“ Et gëtt also an engem an deem nämmlechten Dokument eng Interpretatioun, wat d’Nordstad ass, an der zwou, wat de CDA d´importance nationale ass. De Minister Turmes hat eng Approche par localité, obwuel den Innenminister, wéi soll et dem Gesetz no anescht sinn, zënter emmer op Basis vun der Bevëlkerung pro Gemeng ausbezilt. Suerge vun deene Bettenduerfer, datt si Angscht hunn, spéider net als CDA ugesinn ze ginn, sinn duerfir net rational. Et kann dach keen dovun ausgoen, datt eleng fir d’Nordstad-Gemeng de Prinzip vun de Lokalitéite géif zielen.

Firwat Esch fir de Critère Populatioun ajustée eng Majoratioun vu 25 Prozent bei der Bevëlkerung kritt, Dikrech an Ettelbréck nëmme jeeweils 10 Prozent an Ierpeldeng souguer nemme 5 Prozent, weess den Här Gloden eleng. Warscheinlech sollt et eng erzéieresch Moossnam sinn, fir Pressioun fir eng Fusioun oprechtzehalen. Nom Adam Ries ass 25 Prozent op 20.000 Leit eppes anescht wei 10 Prozent op 9.000, plus 10 Prozent op 8.000 plus 5 Prozent op 3.000. Zu Schieren gouf et bei deene leschte Walen an DDR-Traditioun eng Eenheetslëscht mat néng Kandidaten, déi dann och all gewielt goufen. Firwat elo zwee Conseilleren hiren eegene Walprogramm a Froe stellen an d’Decisioun net engem demokratesche Referendum iwwerloosse wëllen, ass mer net ganz schlësseg. Zu Schieren mussen se och Geld vëlleg hunn. De SIGI hat eng Simulatioun ausgeschafft op Basis vum FDGC-Décompte 2018. Als Member vum CDA mat 25 Prozent Majoratioun géif Schieren 1,2 Millioune mei kréien. Dat géif just fir en neie Klassesall duergoen an de Risiken net gerecht ginn, huet deen ale Schäfferot gemengt. Op Chiffre vun 2021 gerechent géifen dat schonns 1.800.000 Euro erginn, also no der Logik vun deene Schierener schonns annerhallwe Klassesall.

Wann ech elo muss liesen, datt Schieren mat Biissen eng Tennishal wëll opriichten, hunn ech mengen Aen net getraut. Weess Schieren net, datt et zu Ierpeldeng eng Nordstad-Tennishal gëtt? Si misste bei enger Fusioun zweemol Fonctionnement-Käschte bezuelen oder ass et een Aveu, datt se net mat enger Fusioun rechnen? Wann d’Wandmillen zur Ierpeldeng-Fusioun hypothekéiert ass, schloen ech eng Zockerstaang vir. All Awunner vun Ierpeldeng soll an de Genoss vun engem méi bëllege Stroum-Tarif kommen. Bei enger Participatioun um Kapital sinn et just déi „happy few“, déi dovu profitéieren. D’Land Niedersachsen gesäit an engem neie Gesetz vir: „Anwohnern werden vor dem Bau neuer Anlagen Angebote gemacht. Für Anwohner geht es dabei um Windenergieanlagen und Freiflächen-Fotovoltaikanlagen, die erst noch errichtet werden sollen. Projekt-Verantwortliche müssen in der Planungsphase solcher Windkraft-Projekte Anwohnerinnen und Anwohnern in einem Umkreis von 2,5 Kilometern entsprechende Angebote machen. Für die Ausschüttung gibt es laut Energieministerium unterschiedliche Möglichkeiten, etwa niedrige Strompreise. Durchschnittlich 0,1 Cent je eingespeister Kilowattstunde sollten angestrebt werden.“

Zu Bierden wären se schonn an den 1990-Joren géint den Ausbau vum Perimeter Richtung geplangte Standuert vun der Wandmillen. Domm gaangen; wären se deemools fir dës Extensioun gewiecht, wär haut de Mindestofstand net méi ze respektéieren. Et kann een sech eng Vue net kafen. Kommt mol op Schieren kucken, wann der iwwert d’Bréck vun der B7 fuert, déi lo zur Autobunn ausgebaut gëtt, fir datt déi Bierdener mei séier an d’Stad kommen. SUP zum Plan sectoriel Transports huet festgehal: „Insgesamt führen die geplanten Straßenbauprojekte in der Regel zu negativen Auswirkungen auf die Schutzziele Boden, Wasser, biologische Vielfalt, Natura 2000, Modal Split und Landschaft. Bei einer Nichtdurchführung dieser Projekte würde aber ein wichtiger Beitrag zur Reduktion der Lärm- und Luftschadstoffemissionen in den Ortsinnenbereichen entfallen.“ A contrario heescht dat, datt Awunner aus den Ortsaußenbereichen sech mat der Augmentatioun vu Kaméidi a Loftschued-Emissioune sollen offannen. Vläicht hunn déi Bierdener eng Iddi, wei déi Schierener sech bei sou vill negative Konsequenze wiere kënnen.

Ech verstinn och net, datt Awunner vu Warken, dat méi no beim geplangte Wandrad-Site läit, kee Problem mat der Wandmillen hunn. Zu Schieren huet d’Gemeng proaktiv Iddie vun engem Wandrad ënnerstëtzt. Et gouf eng  Informatiounsversammlung. Et gouf null Objektiounen, jidferee huet verstanen, datt Wandrieder zu der Energie-Transitioun gehéiere wei Salz zum Mier. D’Spezialgesetz iwwert d’Nordstad-Gemeng soll ee Gemengerot vun 23 Memberen virgesinn, d’Sektiounen Ettelbréck an Dikrech he jeeweils siwe Memberen an déi dräi aner jeeweils dräi. Et ass par Rapport zu haut méi einfach fir Parteien, siwe respektiv dräi Leit an enger Gemeng ze fanne wéi haut der néng, eelef oder 13. Esou sollen och méi kleng Parteien eng Chance hunn. De Prinzip vun de Walsektioune fir dës Fusioun gëlt fir ëmmer an domat ass séchergestallt, datt och an Zukunft all Sektioun ëmmer vertrueden ass. Déi jeeweils Sektioune wiele just hir Vertrieder nom Proporz-Prinzip. Beim Referendum kënnen déi Schierener och gefrot ginn, ob se nach beim Majorzsystem bleiwen, obwuel dat d’Opstelle vum Schäfferot erschwéiere géif. De Schäfferot setzt sech aus enger, zwou oder dräi Parteien (dat kann natierlech och eng Biergerlëscht sinn) zesummen. Et gëtt also net Dikrech géint Ettelbréck, mee z.B. LSAP Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng. Bettenduerf, Schieren mat/oder CSV oder/mat DP aus deene fënnef Sektiounen.

Et ass quasi ausgeschloss, datt just eng Partei eng Majoritéit vun 12 Sëtzer kritt. Fir déi skeptesch Ierpeldenger z’iwwerzeegen, kënnt de Sëtz an hiert Schlass. Et kéint een och virgesinn, datt am Schäfferot mat fënnef Fraen/Männer all Sektioun muss vertruede sinn. Datt gëtt awer problematesch, wann et z.B. eng CSV-LSAP-Majoritéit gëtt, déi mat engem vun deenen dräi Schierener DP-Männer/Frae misst zesummeschaffen. D’Contribution unique vum Staat gëtt en fonction vun der Bevëlkerung op Projet vun deene fënnef Sektiounen opgedeelt, déduction faite vun de Scholden.

Et gëtt dachs gesot, dat doten ass eng komplizéiert Fusioun. Ech soe mol, et ass eng einfach: keng zentral Schoul, iwwerall ee Biergeramt, keng Modifikatioun bei de Veräiner, de „best of class“-Prinzip bei de Subsiden, de Kollektivverträg, de Gemengen-Taxen asw. De Budget ass nëmmen ugeholl, wann et eng Duebel-Majoritéit gëtt, also eng Majoritéit vum Gemengerot an eng Majoritéit vun op mannst dräi Sektiounen. An der EU an an der Schwäiz muss et jo och a gewësse Fäll eng Duebel-Majoritéit ginn. Sou ass séchergestallt, datt ouni de Jo vun op mannst enger vun deene klenge Sektioune kee Budget gestëmmt ka ginn. Esou Spillereien dierfen allerdéngs net noutwendeg sinn. Et muss ee sech och zu Ierpeldeng aus dem Kapp schloen, datt et d’Zil vun der Fusioun ass, datt déi zwee grouss (sic) déi kleng nëmmen iwwert den Dësch zéie wëllen. Nëmme wann dee Leschten dat och bekäppt huet, komme mer virun. Ech fäerten, dat dauert nach, trotz deem afrikanesche Spréchwuert.