LeserforumWann en Hakekräiz …

Leserforum / Wann en Hakekräiz …
 Symbolfoto: dpa/Oliver Berg

… zu engem banale Grafitti agestuuft gëtt, ech denken, da musse mir eis Suerge maachen. Esou zu Bech-Maacher, wou zanter siwe Wochen en Hakekräiz beim Kierfecht un der Mauer ass. Nieft dem Kierfecht, 100 m vum Denkmal fir d’Affer vum Zweete Weltkrich, ewech. Dat mécht d’Saach nach méi schlëmm. De Buergermeeschter, de Schäfferot, d’Gemengeréit sinn informéiert vun Ufank un … an et geschitt näischt. D’Leit iergeren sech, rëselen de Kapp oder … reagéieren wéi eng Awunnerin vum Duerf: „Et gëtt méi Schlëmmes ewéi en Hakekräiz.“ Kann et sinn, dat tatsächlech nach méi Leit esou denken, och ënnert de Verantwortlechen vun der Gemeng? Iergendwéi mécht dee Gedanken engem Angscht. Millioune Mënschen sinn am Numm vum Hakekräiz gefoltert, mësshandelt an ëmbruecht ginn. Solle mir dat elo einfach vergiessen? Dat wier dach eng Banaliséierung vum Béisen! Et gëtt Zäit, Här Buergermeeschter, Dir Häre vum Schäfferot, Dammen an Häre vum Gemengerot vu Schengen, datt dat Hakekräiz ewech kennt, an zwar esou séier ewéi méiglech!