Noruff fir de Fernand Weber (82)Mat Leif a Séil fir säi Betrib, d’Famill an d’Veräiner gelieft

Noruff fir de Fernand Weber (82) / Mat Leif a Séil fir säi Betrib, d’Famill an d’Veräiner gelieft
Fernand Weber Foto: Romain Welter

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

An dankbarer Erënnerung un de Fernand Weber, engem häerzensgudden a joviale Mënsch, deen Zäit senges Liewe sech mat ganz vill Engagement fir de Betrib an d’Mataarbechter vum Busbetrib Emile Weber agesat huet. An sech ëmmer virbildlech a mat ganz vill Léift ëm seng Famill gekëmmert huet. An derniewent sech nach Zäit geholl huet, am Benevolat de Veräiner ëmmer eng Hand mat unzepaken, wann Nout um Mann war.

De Fernand Weber ass den 22. September 1941 a Krichsjore vum Zweete Weltkrich eragebuer ginn an huet vu Gebuert u bis zu sengem Dout zu Kanech gewunnt. No senger Léier als Mecanicien, déi hien zu Miersch mat Succès ofgeschloss huet, ass hie sengem Beruff e ganzt Liewe laang trei bliwwen.

1965 huet hien d’Charlotte Mertzig bestuet, aus dësem Mariage sinn zwee Kanner ervirgaangen, den Emile an d’Marianne. Den Emile huet sech grad wéi säi Papp ganz dem Betrib verschriwwen. Hie war ëmmer e gudde Matmënsch. D’Famill huet laang am Mammenhaus zu Kanech gewunnt, bis dem Fernand seng Schwëster Colette am Summer 1980 vill ze fréi vun eis gaangen ass. Fir de Fernand war et dunn eng Selbstverständlechkeet, dass seng Kanner mat sengen dräi Neveue Simone, Fernand a Roly Heinisch matenee sollen opwuessen. An dëser schwéierer Zäit ass d’Famill nach méi no zesummegeréckelt.

De Fernand huet an all Situatioun ëmmer säi Mann gestanen, hie war e gewëssenhaften, dichtege Schaffert, deen sech als Patron ni ze schued war, fir d’Schipp unzedoen a sech d‘Fanger knaschteg ze maachen, wann ee Bus eemol, „en panne“ gefall ass. Et war him keng Stonn ze fréi an ze spéit, fir säi Meescht a säi Bescht fir säi Betrib ze maachen.

Ëmmer een oppent Ouer

Hien hat ëmmer een oppent Ouer, huet vill nogelauschtert a konnt jidderengem ëmmer gutt Rotschléi mat op de Wee ginn. Et kann een haut roueg soen, dass de Fernand mat senger immenser Liewensfreed e richtegt Multitalent war. A sämtlech Fonctiounen, sief et als Mecanicien, Chauffeur oder d’Aarbecht am Bureau beim Voyage Emile Weber, huet hie mat Bravour gemeeschtert.

De Fernand huet et fäerdegbruecht, aus engem klenge Busbetrib ee vun deene gréissten an dichtege generatiounsiwwergräifende Familljebetriber am Transportwiesen hei zu Lëtzebuerg an a der Grouss-Regioun ze etabléieren. Bis de leschten Dag huet hien aktiv un den Entscheedungen am Betrib matgewierkt an d‘Direktiounsmemberen Emile, Roly a Fernand ware frou, fir op seng Meenung a seng gutt Rotschléi kënnen ze lauschteren. Zu sengem gréisste Succès gehéiert awer ouni Zweifel, dass hien et fäerdegbruecht huet, dass déi nei Generatioun sech esou gutt am Betrib integréiert huet, esou dass hie rouege Gewëssens der sechster Generatioun d’Relève konnt iwwerloossen.

De Fernand ass am Mee 2024 am Alter vun 82 Joer ganz onerwaart bei enger Autossortie mam Oldtimer aus eiser Mëtt gerappt ginn. Et waren traureg Deeg a Méint, an deene mir de Fernand iwwerall vermësst hunn. Et war op engem sonnege Samschdeg, wéi immens vill Kanecher a Lennenger Leit a Leit iwwert Gemengegrenzen eraus de Fernand op sengem leschte Wee begleet hunn. Am Liewe fält näischt méi schwéier, ewéi engem Mënsch, deen ee gären hat, fir ëmmer Äddi ze soen. Dat trëfft 100 Prozent op de Fernand zou.

Mat onermiddlechem Asaz

Säi Begriefnes war een eenzegt Zeeche vu Sympathie a Matgefill. D’Leit aus der Gemeng Lenneng, awer ganz speziell d’Mataarbechter vum Grupp Emile Weber traueren ëm hire laangjärege sympathesche Patron. D’Pompjeeë vum Centre d’incendie et de secours CIS Canach an d’Membere vun der Amicale vun de Pompjeeë Kanech-Lenneng, wou hie säit 1973 aktive Pompjee war, vermëssen hire Komerod, Comitésmember a laangjärege Sektiounschef. Och de Comité an d’Membere vum „Veteran and Vintage Car Club of Luxembourg“, wou de Fernand laang Jore Veräinsmember war, behalen hire gudde Frënd fir ëmmer a beschter Erënnerung. Net ze vergiessen d’Fédération luxembourgeoise des exploitants d’autobus et d’autocars (FLEAA), wou hien ënner anerem Vizepresident an den Titel vum Éieremember bis zu sengem Doud mat ganz vill Stolz gedroen huet. Mee och d’Komiteesmemberen an d’Spiller vum FC Jeunesse Canach feelt hiren treie Supporter, dee mat senger Fra dem Charlotte an deene leschte 25 Joer kee Sonndesmatch verpasst huet.

De Fernand huet e grousst Stéck vu sengem Liewe mat sengem onermiddlechen Asaz fir d’Associatiounen a Veräiner gelieft. Ouni de Fernand wieren dës Veräiner net dat ginn, wat si haut sinn. Seng grouss Freed niewent senge sëllege Clibb waren nach déi grouss Busreesen duerch Europa, Russland a souguer bis an Tunesien erof.

Eng grouss Passioun vun him war et säit de 60er Joren, als Chauffer zesumme mat sengem Papp Reesen op Lourdes ze fueren. Seng aner Hobbye waren al Autoen an Oldtimer-Busser. Fir net mussen opzehalen um Bus ze fueren, huet d’Famill him fir säi 75. Gebuertsdag eng grouss Freed gemaach an ee Bus komplett ëmgebaut, sou datt de Fernand nach um Oldtimer-Busrallye konnt deelhuelen an esou ganz Europa konnt erliewen. An deene leschte Joren huet hie ganz vill Kontakt mat senge Kolleege gehat a war stänneg mat senger gudder Fra „on Tour“. Wou d’Famill sech dach schonns mol d’Fro gestallt huet, wéi déi zwee dat an hirem Alter géife packen.

D’Duerf ass ouni de Fernand Weber méi eidel ginn, hie war e grousst Virbild fir all déi Léit, déi hie kannt hunn. Den Doud vun dëser aussergewéinlecher Perséinlechkeet huet e grousst Lach hannerlooss a mir wossten et alleguerten, dass esou ee Mann schwéier ze ersetze wier. Jiddereen, deen hie kannt huet, wäert hien ni vergiessen a fir ëmmer a beschter Erënnerung behalen. Heimadder soe mir dem Fernand e leschten Äddi a Merci fir alles, wat hien als gudde Mënsch geleescht huet. Denger ganzer Famill drécke mir nach eng Kéier eis déifste Matgefill aus.