„Aus dem Windschatten“ (7)De Carlo Weber, Präsident vu Vëlo Wëntger: Een Dag laang Action um Vëlo

„Aus dem Windschatten“ (7) / De Carlo Weber, Präsident vu Vëlo Wëntger: Een Dag laang Action um Vëlo

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Die Tageblatt-Serie „Aus dem Windschatten“: Das Tageblatt hat allen luxemburgischen Radsport-Vereinen die Möglichkeit gegeben, während der Tour de France einen Beitrag zu veröffentlichen. In der heutigen Ausgabe schreibt Carlo Weber, Präsident von Vëlo Wëntger unter anderem über ein Highlight des Klubs: die 24 Stunden, die dieses Jahr am 26. und 27. Juli stattfinden. 

No engem grousse Succès an enger enormer Solidaritéit am Kader vom Télévie 2007 als Regionalzenter zu Wëntger koum d’Iddi op, d’Gemeng mat deene 5 Sportveräiner, Turnerinnen, Dëschtennis, Judo, Volleyball, a Foussball, géif all Joër eng grouss Sportmanifestatioun zesomen organiséieren. Kuerz duerno gouf dunn eng ASBL, de Vëlo Wëntger, gegrënnt. De 24 Stonnen Vëlo Wëntger, eng von dene gréissten Sportveranstaltungen, geet lo den 26./27. Juli an déi 15. Editioun.

Wéi bei deenen Editioune virdru wäerten Honnerte vu Cyclisten aus dem ganze Land esou wéi aus der Groussregioun an den Ekippen oder solo dausende vu Leit begeesteren. Dat Ganzt op den Éisleker Koppen tëschent Wëntger a Lëllgen op enger Streck von 3,3 km. Kategorie ginn opgedeelt an all eenzel gëtt dann och samschdes bei der Präisverdeelung bewäert: 1. Kategorie, Jugendlech (Gebuertsjoer 2011-2014),  2. Kategorie, Jugendlech (Gebuertsjoer 2007-2010), 3. Kategorie Open (ab 2006), 4. Kategorie Jugendveräiner (Gebuertsjoer ab 2008), 5. Kategorie Dammen (ab 2006), 6. Kategorie Eenzelfuerer (Solo, ab 2006).

D’Pompjeeë suerge fir d’Sécherheet an eng spektakulär Beliichtung. En ofwiesslungsräicht Animatiounsprogramm leeft wärend 30 Stonne rondrëm d’Gemengenhaus, d’Gemeng ass eigentlich de Weekend am Ausnamezoustand, dem Schäffen- a Gemengerot mat hirem Personal villmools Merci fir déi grouss Ënnerstëtzung an all deene Joeren. Fir vill Leit aus der Gemeng an der Ëmgéigend ass et eng flott Geleeënheet, fir sich hei ze begéinen a fou a geselleg Momenter e verbréngen. Fir de Catering ze garantéieren, geet en Opruff un all Member aus de Sportveräiner, dozou gëtt dann e Stonneplang/Schaffplang opgestallt, do dernieft nach vill Fräiwëlleger, déi sech heizou bereet erklären, fir ze hëllefen. Eng 250 Leit ginn hei gebraucht, fir all Posten ze besetzen.

Eng Campingplaz un der Streck, wou vill Ekippen hiren DJ matbréngen, suergt fir eng flott Ambiance ënnert de Cyclisten. Solidaritéit och bei der 15. Editioun, een Deel vum Erléis geet un „Noël de la rue“, de Präsident Leo Kraus ass freides um 20 Auer och dobäi fir de Startschoss. Umeldung an Info op www.velo.wentger.lu oder Facebook. En anert flott Sportevent ass d’Randonnée Aloyse Habscheid, bekannt bei all Vëlosfuerer.

Vum einfache bis ambitiéisen Vëlostour, alles ass hei ze fannen, an dat als Unerkennung an ënnert dem Impuls vom fréiere Coureur Aloyse Habscheid. Den Aloyse mat sengem onermiddlichen Asaz fir de Sport, a speziell de Vëlosport, war an ass e Virbild fir all Sportler, heen ass och aktiv a Vizepräsident vun eisem Veräin. En Highlight an eisem Veräin, war et eng grouss Éier, wéi 2017 den Tour de France op der Etapp Verviers- Longwy zu Wëntger op eiser Streck passéiert ass. Bei dësem Passage virum Gemengenhaus koum et och zu engem Sprint fir de Maillot vert. Schéi Biller heizou bleiwen eis a gudder Erënnerung. Do dernieft ware mer och zoustänneg fir aner Vëlosevents, ënner anerem de Grand Prix Général Patton.