NoruffRaymond Ruffini: Ee faire Verteideger, Kapitän an Trainer

Noruff / Raymond Ruffini: Ee faire Verteideger, Kapitän an Trainer
Raymond Ruffini Foto: Jeunesse Esch

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Knapp sechs Wochen nëmmen nom Doud vum Paul „Schnuck“ May ass dann elo och säi laangjäregen Matspiller aus der Escher Jeunesse, de Raymond Ruffini, verscheet. 

Domadder huet eis dann och deen allerleschte „Mohikaner“ aus där legendärer Jeunesse-Equipe, déi de 4. November 1959 géint de Real gespillt huet, fir ëmmer verlooss. Et gëtt vill méi heiter Themen, fir driwwer ze schreiwen, a mir perséinlech hunn es där Noriff elo bal genuch … An awer schéngt et eis wichteg, seng jonk Nofolger un esou een oprichtege Fussballspiller a Mënsch wéi de Ruffinis Raym ze erënneren!

Et ass, wéi se soen, d’Liewen, an iergendwann ass et och fir dee Beschten an deem Spill eriwwer an de Match gëtt ofgepaff! Tréischte sollte mär eis awer domadder, dass fir de Raymond den Doud zu Diddeleng am CIPA, wou beschtens no him gekuckt gouf, eng Erléisung dierft gewiescht sinn. Eng ganz Rei vun ale Jeunesser, ma net nëmmen déi, hu sech schonn all déi Zäit gefrot, wou hien dann dru wier, wéi et him goe géing an ob hien iwwerhaapt nach um Liewe wier …!? 

Dëst war keen ongesonde Virwëtz, ma koum, ganz am Géigendeel, aus dem Häerz respektiv der Suerg ëm e Frënd an ëm eng vun de markanteste Spillerperséinlechkeete vun deenen Esch-Grenzer iwwerhaapt! Wéi hie selwer sot a geschriwwen huet, war hien, 1939 an de Krich era gebuer, e klengen italo-lëtzebuerger Hiehler Jong, stellvertriedend fir eng ganz laang Rei vun anere Bouwen aus deemselwechte Quartier an Escher Milieu ronderëm – vun engem ganz fréiere Mastrangelo iwwert de Frënd Scuto bis zum heitege klengen Andrea Deidda – déi d’Jeunesse geprägt hunn a mat vill Äifer an deem néidegen Talent et iwwert de Fussball zu eppes bruecht hunn!

Den eigentlechen Ausléiser vu senger langer Karriär war fir hien, wéi en 1958, zudéifst beandrockt, a senger Jugend mat der Jeunesse als Ersatzspiller mat huet dierfen op Göteborg fléien, een echten Highlight am volle Sënn vum Wuert fir deen Aarbechterjong, dee virdrun nach ni iwwert seng „Hiehl“ erauskomm wuar – an duerno a weidere Reesen an internationale Matcher déi „grouss Welt“ oder op d’mannst ganz Europa entdecken sollt!   

De Raymond Ruffini war mat dem René Hoffmann, dem Marcel Theis an dem Paul May iwwregens ee vun deenen deemools méi jonke Spiller aus där Equipe, déi no deem legendären Fussballspill de 4. November 1959 am Stadion géint de Real Madrid déi Dynamik an hiert Talent mat an d’60er-Joere geholl hunn. 

Et sief drun erënnert, dass d’Jeunesse 1963 déi alleréischt Mannschaft an Europa war, déi et fäerdegbruecht hat, e Réckstand vun net manner wéi dräi Goler am Réckspill géint d’Finne vu Valkeakoski am „Emile Mayrisch“ opzehuelen, éier si am nächsten Tour Partizan sensationell mat 2:1 geklappt hunn, awer am Réckspill zu Belgrad no engem extrem onfairen a ruppege Match eliminéiert goufen! De Raymond Ruffini huet vun 1957 bis 1969 net manner wéi 218 Matcher an der éischter Equipe gespillt, an op d’mannst och een an der zweeter, der sougenannter „Reserve“ …!

Vun der Long op d’Zong

Dat war um Enn vun de 60er-Joeren, no senger Achillessehneverletzung – un där eisen deemolegen, deelweis knubbelegen Terrain matschold dierft gewiescht sinn –, wéi hien erëm lues ugefaangen huet mat spillen! Un dëse Match „en lever de rideau“ kann ech mech nach gutt erënneren, well ech als jonke Spiller deemools déi grouss Éier hat, mat him um Terrain ze stoen, zemools am Gol vun de Red Boys géigeniwwer och nach mäi beschte Frënd a Schoulkomerod aus dem LGE, de Jean-Marc, de Brudder vum talentéierte Roby Weis, stoung! 

Am „honnertjäregen Kalenner“ vun de Schwarz-Wäissen, dat heescht dem Buch „Honnert Joer Jeunesse“ vun 2007, hat de Raymond selwer zur Fieder gegraff an dodranner seng Léift a Verbonnenheet mat sengem Veräin beschriwwen. Hie war stolz, sechsmol Champion ginn ze sinn, mee huet awer bedauert – grad wéi mär jonk Supporteren deemools am Stadion – datt e gläich zweemol hannereneen géint d’Spora mam Vic Nürenberg, „de retour vun Nice“, an dem Mario Morocutti am Endspill knapp verluer huet, an domadder d’Coupe – ausser der Coupe du Prince – ni héichhiewen duerft!  

Ma de Raymond huet a sengem Bäitrag net nëmme gebléimelt, mee als ri(ech)ten Escher och, a well hien et nach Jorzéngten duerno déck do sëtzen hat, vun der Long op d’Zong geschwat, respektiv Kloertext geschriwwen …! Hien erënnert eis doranner drun, datt hien 1969 mat der Jeunesse och ee siwenten Titel gewonnen hätt, wann déi Déifferdenger net kurz viru Schluss Beggen mat 0:7 gewanne gelooss hätten, esou dass „d’Wiichtelcher“ vum net grad aarme Briddeler Präsident Miersch opgrond vum Golverhältnis zu onverdéngte Championséiere koumen!

Als grad esou verbassen, konsequent, mee fair, war de Raymond och um Terrain selwer bekannt a vun senge Géigespiller als haarde Verteideger, e bëssen „à la Giorgio Chiellini“, respektéiert a gefaart …!  Esou huet e géint de Real deem genialen Alfredo Di Stefano durch seng resolut „Manndeckung“ Paroli gebueden, an zwar an deem Mooss, datt deen him nom Match net, wéi haut leider üblech, de Ball an d’Gesiicht geheit, mee ganz am Géigendeel mat engem gewësse Respekt iwwerreecht huet! Fir awer dem Raymond sengem „franc parler“ a senger Éierlechkeet gerecht ze ginn, erlabe mer eis ze bemierken, an dat soll haut keen Tabu méi sinn, datt hien als Verteideger, dee ganz niewebäi fënnefmol markéiere konnt, op sengem Posten extrem vill an oft huet misse mat vollem Kierperasaz degagéieren a vrun allem käppen!

Dëst kéint, wéi eminent Neurologe scho säit enger Zäit festgestallt hunn, béis schiedlech fir Verhalt an Gediechtnis vun asazfreedege Mannschaftssportler sinn, wéi och hien ee wuar! Een eeschte Problem am Fussball, Rugby (a säit jehier och Boxen), op deen hautesdaags zwar e bësse besser, ma ëmmer nach net resolut genuch opgepasst gëtt! Ma scho laang viru senger Krankheet konnt een en net méi ënnert de Stammgäscht op der Grenzer Tribün erblécksen.

An Esch, um Wee zu senger aler Mamm, wou mär en dorobber ugeschwat hunn, huet hien eis  kloer ze verstoe ginn, datt hien, wéi vill anerer, a mär perséinlech och, der vergaangener „Nationaldivisioun“ notraueren géif an deem heitege Spill a Spillerbusiness séier wéineg ofgewanne kéint …! Trotzdem bleift ze hoffen, a mär sinn eis bal sécher, datt virum nächste Match op der Grenz suwuel un de Raymond Ruffini wéi och – allerdéngs mat e bësse vill Verspéidung … – un de „Schnuck“ May, déi béid grouss Spillerperséinlechkeeten, an enger gemeinsamer Gedenkminutt erënnert dierft ginn!